Dëse Site um Internet gouf vun HELLO Agency "PARK STATION"  Woluwelaan, 148-150 1831 Diegem fir S.A. Viande Luxembourg développéiert, eng Lëtzebuerger Gesellschaft mat Sëtz rue Henri Schnadt 4,
L-2530 Luxembourg. Et kann een d'Gesellschaft all Dag, deen op ass, op der folgender Nummer: +32 65 220 920 oder per E-Mail erreechen :

Am allgemengen

D'Benotze vun dësem Site um Web ass verbonnen mat de bedéngungslose Konditiounen, Notizen oder all anerem Hiweis an den Allgemenge Bedéngungen. Wann dir op Websäit www.renmans.lu gitt, acceptéiert dir dës Allgemeng Bedéngungen ouni irgendeng weider Aschränkung. Wann déi eng oder déi aner Leeschtong net auszeféieren ass, oder ongesetzlech, oder ongülteg, sou huet dat op kee Fall en Afloss op d'Gültegkeet, Gesetzlechkeet an d'Uwendungsméiglechkeet vun de reschtleche Leeschtungen.

Ännerungen

Viande Luxembourg huet d'Recht, déi Allgemeng Bedéngungen ouni viregen Avis unzepassen. De Benotzer ass gebieden, regelméisseg de Site um Web ze kucken fir ze kontrolléieren ob d'Bedéngungen geännert goufen.

Informatioun op hirer Websäit

De Site www.renmans.lu um Web huet zum Ziel, eng allgemeng Informatioun iwwer d'Produiten an Zerwisser vu Viande Luxembourg ze ginn, kann awer net fir d'Präzisioun, d'Richtegkeet, d'Aktualiséieren oder d'Ausféierlechkeet vun den Informatioune fir verantwortlech gehale ginn. Viande Luxembourg garantéiert weder den dauerhaften Zougank op, nach de korrekte Fonctionnement vun hirer Websäit.

Viren an IT Verbriechen

Viande Luxembourg gëtt sech d'Méi, all Handlungen anzegoen, déi méiglech si fir hir Websäite viru Viren, Hacking Attacken oder soss anere Verbriechen iwwer de Computer ze schützen, déi hir Websäiten ugräife kënnten.

Linke mat anere Websäiten

D'Websäit kann 'Hyperlinks' fir Websäite vun Drëtten hunn. Si sinn nëmmen uginn fir Informatiounszwecker. Viande Luxembourg kann net fir deren Inhalt fir verantwortlech gehale ginn. Ausserdeem ka wéngent dem Link mat dëser Websäit keng iergendwellech Kollaboratioun, sief et ausdrécklech oder implizit, tëscht Viande Luxembourg an dësem Drëtte geschlussfolgert ginn.
Wann e Benotzer e Lien mat de Websäite vu Viande Luxembourg maache wëllt, muss virdrun eng schrëftlech Demande bei S.A. Viande Luxembourg  - rue Henri Schnadt 4, L- 2530 Luxembourg gemaach ginn.

Disclaimer

D'Informatioun, déi et op de Websäite vu Viande Luxembourg gëtt, ass net ouni Feeler. D'Informatioun gëtt regelméisseg vu Viande Luxembourg op de neiste Stand bruecht. D'Informatioun, déi op der Websäit ass, féiert zu kenger vertraglecher Bindung.
Am Fall vu méi wéi kloerer Noléissegkeet, Bedruch oder Béiswëllegkeet ka Viande Luxembourg net fir iergendeen direkten, indirekte Schued, dee Konsequenze mat sech dreet, oder fir Niewewierkunge verantwortlech gemaach ginn, oder ofhängeg, oder fir Schuedenersaz, oder iergendee Verloscht vun egal wat fir enger Aart, ouni Rapport zu der Virsiicht, déi d'Ënnerbriechung vun der Benotzung vun der Websäit, inklusiv déi onbegrenzt Onerreechbarkeet vu Websäiten, Viren, ofstreide vun Zerwisser, Hacker Attacken a Computer Kriminalitéit. D'Benotzung vun de Websäite vu Viande Luxembourg geet ganz op d'Verantwortung vum Benotzer. Wann de Benotzer den Disclaimer net acceptéiert, ass deen eenzegen Auswee, all Benotzen vun de Websäiten ze ënnerbriechen.

Copyright

D'Websäit, an där et Texter, Présentatiounen, Biller, Museksarrangementer, graphesch Ofbildungen, Logoen, Software an all aner Elementer gëtt, déi et op hire Websäite ginn, wann och net exklusiv, ass vun den intellektuelle Besëtzrechter vu Viande Luxembourg oder Dritten geschützt (Copyright, Datebasisrechter, Softwareschutzrechter, Wuerenzeechen, Modeller an Zeechnungen). D'Reproduktioun, d'Diffusioun, d'Adaptatioun, d'Iwwersetzung, d'Archivéieren, d'Veraarbechtung, sief et ganz oder deelweis a fir kommerziell Zwecker, sinn ouni déi vireg Zoustëmmung vu Viande Luxembourg verbueden.

Privatliewen

All Donneeën gi genee no alle relevanten an uwendbare Gesetzer gebraucht.
Déi perséinlech Donneeën an Informatiounen, déi sech op de Benotzer bezéien, ginn als vertraulech ugesinn an net un Drëttpersoune weiderginn.

Anti-spam Politik

De Spam ass e Verschécke vu villen E-Mailen déi net gefrot goufen an déi u Privatleit geschéckt ginn. Viande Luxembourg léisst d'Benotzung vun hirer Infrastruktur vun Hardware a Software net zou fir domat privat Benotzer um Internet ze bombardéieren.

Benotzung vum Zerwiss

De Benotzer engagéiert sech, d'Websäite vu Viande Luxembourg net zu illegalen oder schiedlechen Zwecker ze benotzen, den Zougank net ze blokéieren oder ze änneren oder den Inhalt vun de Websäiten vu Quality Meat Renmans an/oder un Drëtten net ze benotzen fir d'Websäiten vu Viande Luxembourg fir Viren ze verbreeden, oder fir e schiedlechen oder illegalen Inhalt oder Spam. Viande Luxembourg behält sech d'Recht vir, de kompetenten Autoritéieten d'Informatioun weider ze ginn iwwer d'Benotzer, déi déi national, europäesch oder international Gesetzer net respektéieren, an deenen den Zougank op hir Websäiten ze stoppen.

Uwendbar Gesetzer an zoustänneg Juridictioun

Dësen Accord gëtt bestëmmt an ausgeluegt no de belsche Gesetzer. Wann een sech net gutt eenege kann gëtt de Streit, dee vun dësem Accord kënnt oder domat verbonnen ass, dem Geriicht vu Mons iwwerginn.

Kloen

Jidfer Klo, déi déi illegal oder iwwerméisseg Benotzung vun de Websäite vun  Viande Luxembourg,   rue Henri Schnadt 4,  L- 2530 Luxembourg betrëfft.