ONS STÄERKTEN

Bei Renmans si mir der Iwwerzeegung dass dat wichtegst fir ons d'Zefriddenheet vun de Clienten ass, déi besonnesch iwwer d'Zefriddenheet vun onse Mataarbechter geet !

Ons Mataarbechter si stolz op hire Beruff an hir Firma, a mir si stolz op si, wëll et ass wéinst hinnen, dass Renmans haut zu deene beschte Metzleren an der Belsch an zu Lëtzebuerg zielt.

Respekt 

  • De Respekt dofir, dass dir iech wuel fannt. Besuergt ëm äert Wuelgefill passe mir besonnesch op de Stress an eng gutt Ambiance op der Aarbecht op. Mir woren eng vun deenen éischte Entreprisen, déi 2002 bei all onse Mataarbechter eng Ëmfro iwwer d'Wuelfillen op der Aarbecht gemaach huet. Mir hunn dat erëm eng Kéier 2010 gemaach.
  • Respekt vum Privatliewen. Fir iech en Equiliber tëschent dem Beruff an dem Privatliewen ze garantéiere gëtt et bei ons keng Aarbecht Sonndes a mir hunn net spéit op. Dir kritt äeren Aarbechtsplang véier Wochen am viraus an déi Flexibilitéit, déi vun iech während de Periode gefrot gëtt, an deenen et méi Aarbecht gëtt, si ganz gesetzlech an encadréiert.
  • Respekt virun äerem Engagement. Am Verglach mat den Entreprise vum Secteur hu mir ganz wéineg prekär Kontrakter : esou vill wéi méiglech bevirzuge mir Kontrakter op onbestëmmt Zäit a mir limitéieren op e Minimum d'Zuel vun der Zäitaarbechtskontrakter.

Berufflech Entwécklung 

Mir maachen all Joer eng etlech Verkafsplazen op, wat onse Mataarbechter erméiglecht, virun ze komme mat neien Erausfuerderungen an enger neier Metzlerei.

A mir privilegiéieren ëmmer déi intern Beförderung : bal all ons Kadere hu bei ons als Metzler ugefaang an d'Méiglechkeet gehat, mat der Entreprise ze evoluéieren.

Virdeeler

Wann ee bei eng Grupp, déi sech ausdehnt wéi ons, kënnt, garantéiert dat eng sécher Aarbechtsplaz. Iwwer dës Sécherheet eraus gi mir ons d'Méi, ons Mataarbechter esou gutt ewéi méiglech fir hir Aarbecht ze bezuelen. En attraktivt Gehalt gëtt hinnen ugebueden, an och aner Virdeeler, wéi Iessensbongen a Reduktiounen op hire Keef an hirer Verkafsplaz.

Ons Kadere profitéieren ausserdem vun engem System vu Bedeelegung un de Resultater vun hirer Filial, esou wéi vun enger Assurance fir Invaliditéit an eng fir e Spidolopenthalt.

Formatioun

Dauernd Formatioun a Patronage.

Während äerem ganze Wee bei Renmans profitéiert dir vun den néidege Formatioune fir är Aarbecht ze maachen am Respekt vun den Norme vun der Entreprise. Vun äerem éischten Dag u gitt dir vun enger Persoun, déi scho méi laang do ass, patronéiert fir iech ze hëllefen, iech esou schnell ewéi méiglech positiv ze entwéckelen an äerem neien Ëmfeld.