Wie si mir ?
Wie si mir ?
Den Henri Renmans ass de Fiss vun engem onofhängege Metzler. No sengem Léierkontrakt an e puer Erfahrungen als Chef d'Atelier a Chef vum Rayon Metzlerei huet hien 1964 déi éischt Metzlerei vun engem grousse Verdeelerbetrib gegrënnt. Hien huet se no 13 Joer verlooss, wéi hien d'Verantwortung vun de Metzlereien an de frësche Rayone vun dësem grousse Betrib iwwerholl huet.
Ufank 1978 huet hie sich mat senger Fra, Nicole Albert, onofhängeg gemaach an an e puer Joer etlech Metzlereien opgemaach, an dovun eng mam Aldi.
Am Joer 1984 huet den Henri Renmans, wëll d'Expansioun mat Aldi sech staark ugewisen huet, sech mam Richard Bovy associéiert, dee sech ëm d'Administratioun, d'Verwaltung vum Personal,
d' Finanzen, de Marketing këmmert, ... a mécht och an der kommerzieller Geschäftsféierung mat.
Am Joer 1993 trieden d'Jonge vum Henri Renmans a vum Nicole Albert der Entreprise bäi. De Rik Renmans këmmert sech haut ëm d'Handelsdirektioun an ass och fir d'Keef vu frësche Fleeschwueren zoustänneg. Den Nico Renmans këmmert sech zurzäit ëm déi zwee Verdeelungszentren an och ëm d'Departementer vun der Technik, Formatioun, Hygiène a Keef vun der Charcuterie.
Am Joer 2006 huet de Fiss vum Richard Bovy, den Jeoffrey Bovy, sech der Équipe ugeschloss. Hie këmmert sech haut ëm d'Departementer Verwaltung, Finanzen a Marketing.
Haut ass d'Renmans Entreprise ëmmer nach en 100ege Familljebetrib.

Wou si mir ze fannen ?
Am Joer 1980 gouf eng éischt Metzlerei an der Belsch no beim Aldi opgemaach. An 1983 huet d'Expansioun an der Belsch ugefaang mat dem Opmaache vun enger zweeter Metzlerei no bei engem Aldi.
Nodeem et an der Belsch eng séier Entwécklung gouf huet d'Entreprise 1989 hir éischt Verkaafsplaz a Frankräich ënner dem Numm « Henri Boucher » opgemaach, ëmmer erëm zesumme mam Aldi. Lëtzebuerg ass 1992 nokomm.
Am Joer 2012 huet d'Entreprise 375 Metzlereien, praktesch all no bei engem Aldi geleeën. Renmans Metzlereie gëtt et der 294 an der Belsch an 9 am Groussherzogtem Lëtzebuerg. A Frankräich gëtt et der 72.
Renmans Metzlereien
- Belsch : 294 Metzlereien
- Lux. : 9 Metzlereien
- Frankräich : 72 Metzlereien
