Onsen Engagementer

  • 1
    sites/default/files/engagements/1chrono-LUX.png

    Gehacktes banne 24 Stonne verkaf

    D'Gehacktes, wat mir fabrizéieren a wat mir bei ons Spezialitéiten derbäi ginn gëtt vun onse Metzleren an a jidfer Metzlerei e puermol am Dag fabrizéiert.

    Wa mir esou schaffen adaptéiere mir ons Produktioun no ärem Wonsch a mir proposéieren ëmmer Gehacktes vun enger Frëscht ouni Feel.

    Wann onst Gehacktes net bannent 24 Stonne verkaf ass, zéie mir et aus dem Verkaf zréck. Aus dësem Grond fannt dir ni Méindes muerges bei ons Produkter op Basis vu Gehacktes vu Samschdes.

    Dat ass ons Aart a Weis, fir iech all Dag déi frëschste Produiten ze garantéieren.

  • 2
    sites/default/files/engagements/2selpoivre_3.png

    Dat eenzegt, wat mir bei d'Gehacktes ginn

    D'Gehacktes, wat mir all Dag virbereeden, ass frëscht Fleesch, an nëmmen frëscht Fleesch.

    Ausser e puer ausgewielte Gewierzer gi mir ni Waasser, Mëllech, Eeër, Panéiermiel, Farwstoffer, Konservéierungsmëttel oder irgenden anere Produit derbäi.

    Et ass dat selwecht Gehacktes, wat dir an onsen Zoossissen an onse Préparatioune fannt.

    Wann dir onst Gehacktes kaaft bezuelt dir nëmme frëscht Fleesch, a soss näischt. Dat ass et, Wiechter vun der Qualitéit ze sinn.

  • 3
    sites/default/files/engagements/3congelLUX.png

    Kee Gefréierschaf

    Mir schaffen nëmmen mat frëschen Fleesch. Aus dësem Grond gëtt et kee Gefréierschaf an onse Metzlereien an et wäert och ni ee ginn.

    Fir iech eng Frëscht ouni Feel ze garantieren liwweren ons Liwweranten d'Fleesch an jidfer vun onse Metzlereien e puermol an der Woch, fir dass ons Metzleren all Dag d'Fleeschwueren a Spezialitéieten, déi mir iech proposéieren, preparéiere kënnen.

    Wann dir et wënscht, kënnt dir ons Produiten (*) a vollem Vertrauen afréieren. Dat ass et, fir iech all Dag déi frëschste Produiten ze garantéieren.

    (*) ausser Rëndszong a Rëppercher, déi heiansdo gefruer geliwwert gi kënnen. An deem Fall ass dat op der Etikett an der Metzlerei uginn.

  • 4
    sites/default/files/engagements/5pasderabais_8.png

    Keen Ofschlag op der Qualitéit

    Wann e Produit an der Promo ass geet nëmmen de Präis erof. D'Qualitéit bleift ! D'Fleesch wat dir an der Promotioun kaft ass streng vun derselwechter Qualitét wéi déi, déi dir d'ganzt Joer iwwer zum Dagespräis kaft.

    Esouguer bei der Promotioun bleiwe mir " de Wiechter vun der Qualitéit ".

  • 5
    sites/default/files/engagements/7circuitcourt_3.png

    Kuerz Strecken

    Fir iech eng Frëscht ouni Feeler ze garantéieren, privilegiéiere mir déi kierzte Weeër. Déi meescht vun onse frësche Fleeschwueren ginn direkt aus dem Schluechthaus an ons Filiale geliwwert. Mir limitéieren esou d'Zwëschenhändler, d'Stockéieren an ongënschteg Transporter.

    Dat ass eppes, dat ons erlabt, iech all Dag déi frëschste Produiten virzeschloen !

  • 6
    sites/default/files/engagements/9gant_hache_8.png

    Hänschen a Mask fir d'Virbereedungen op Basis vu Gehacktes

    Fir d'Gehacktes ze fabrizéieren an all Preparatiounen op Basis vo Gehacktes mussen ons Mataarbechter e Mask an Hänschen droen. Dat erlaabt ons, d'Fleesch an de beschte Bedéngungen fir d'Hygiène  unzepaken.

    Dat ass ons Art a Weis fir iech Produite vun der beschter Qualitéiert ze garantéieren.

  • 7
    sites/default/files/engagements/10gant01_8.png

    Hänschen fir den eemolege Gebrauch fir den Zerwiss

    Et ass alles organiséirt fir dass jidfer Etapp vun der Transformatioun vum Fleesch ënner de strengste Bedéngungen vun der Hygiène geschitt. An dat bis zum Moment wou dir äert Fleesch kaaft.

    Dat ass firwat ons Verkeefeschen a Verkeefer eng Hänsch droen fir d'Fleesch an d'Akaafszentral ze bréngen. An no all Client werfen si d'Hänsch ewech an huelen eng nei.

    Et ass ons Aart a Weis fir eng Hygiène ouni Feel ze garantéieren. Dat ass wat de "Wiechter vun der Qualitéit" ass.

  • 8
    sites/default/files/engagements/11contrôle_quality_3.png

    Kontroll vun der Qualitéit

    An onsem Beruff ass d'Hygiène wesentlech. Dat ass firwat mir ganz streng Normen ageféiert hunn. Ons Mataarbechter ginn dauernd forméiert fir gewëssenhaft dës Normen unzewenden.

    Fir ons e perfekte Respekt vun dëse Normen an all onse Metzlereien ze versécheren ginn dës Kontrolle regelméisseg gemaach. Op der enger Säit maache mir intern Kontrollen : den Zerwiss von der Qualitéit vun der Gesellschaft geet all Dag duerch d'Land fir Prouwen an onsen Akaafszentralen ze huelen. Op der anerer Säit loosse mir eng extern Gesellschaft, déi onofhängeg ass, zousätzlech Kontrolle un der Hygiène a Qualitéit an onse Verkafsplazen maachen.

    Esou gëtt a jidfer Metzlerei e puermol am Joer kontrolléiert fir iech all Dag eng Hygiène an eng Frëscht ouni Feel ze garantéieren.

  • 9
    sites/default/files/engagements/13DEMUNI_3.png

    Solidaritéit fir Leit, déi wierklech näischt hunn

    An onsem Land ginn et all Dag dausende vu Leit, déi d'Chance net hunn, vun enger gudder Molzecht ze profitéieren. Mi hunn do eng Roll ze spillen fir deene Leit ze hëllefen.

    Dofir ënnerstëtze mir am Groussherzogtem d'Associatioun Stëmm vun der Strooss.  Mir hëllefen hinnen andeem mir hinnen all Mount  Fleesch fir e puer  honnert  Molzechte schenken.  An do gëtt et och keng Konzessiounen : mir schenken hinne Fleesch vu beschter Qualitéit , dat selwecht, wat dir an onze Buttecker fannt.

    Stëmm vun der Strooss : 2 Zentren, déi d'ganzt Joer op sinn, e puer dausend vu virbereet an ausgedeelt Molzechten, an och verschidden Hëllefen a Rotschléi un déi Leit , déi guer näischt hunn.

     

Viereg Nächst
  • Open Quote Fir eng perfekt Hygiène changéieren ons Verkeeferinnen d'Hänsch no all Client. Close Quote
  • Open Quote Et gëtt ni eng Killtruh bei eis. Nëmme frëscht Fleesch Close Quote
  • Open Quote D'Qualitéit fir alleguer : mir offréieren all Mount e puer Dausend Molzechten deenen, déi glaat näischt hunn. Close Quote
  • Open Quote Kontrolle bannen a bausse ginn all Dag gemaach fir iech déi beschte Qualitéit ze garantéieren. Close Quote
  • Open Quote Wann e Produit an der Promotioun ass geet nëmmen de Präis erof. D'Qualitéit bleift déi selwecht. Close Quote
  • Open Quote Fir eng perfekt Hygiène droe mir e Mask an Hänschen bei der Préparatioun vum Gehacktes an de Spezialitéiten op Basis vu Gehacktes. Close Quote
  • Open Quote All Produiten op Basis vu Gehacktes mussen innerhalb vun 24 Stonnen no hirer Fabrikatioun verkaf ginn. Close Quote
  • Open Quote An onsem Gehacktes ass weder Waasser nach Mëllech,... Nëmme frëscht Fleesch an e puer Gewierzer Close Quote
  • Open Quote Mir trauen onse belschen Ziichter. Onst Fleesch vum Schwäin, Rënd a Kallef sinn 100%eg belsch. Close Quote