Heefeg Froen

Aarbechtsplaze

Wéi sollt dir är Kandidatur maachen ?

Rendezvous an onser Rubrik Aarbechtsplaze, an do fannt dir mat e puermol klicken d'Aarbechtsplazen, déi et an äerer Géigend ginn.

Dir kënnt ons och eng spontan Kandidatur direkt op onse Site iwwer de Formular adresséieren, deen an der Rubrik Aarbechtsplaazen ass.

A schliesslech ass et méiglech, är Kandidatur ze maachen iwwer d'Telefonsnummer 00800/1900 2000.

Eng Fro stellen

Trei

Wéi kritt een eng Extra Kaart ?

D'Extra Kaart kritt een op Nofro bei onse Mataarbechter an der Metzlerei. Dir kritt si a kënnt si direkt gebrauchen.

Eng Fro stellen

Wat sinn Extra Punkten ?

D'Extra Punkte belounen är Trei doduerch, dass dir spuere kënnt.

FONCTIONNEMENT :

Pro Akafstranche vun 4,95€ kritt dir 1 Extra Punkt, deen op är Extra Kaart iwwerdroe gëtt (wéi kritt een eng Extra Kaart ?).

Zousätzlech Extrapunkte kritt dir beim Kaf vu gewësse Produkter, déi an der Extra Promotioun sinn.

Déi gesamt Extra Punkte sinn op äerem Keessenziedel fir d'Akeef ze gesinn, déi dir an der Metzlerei akaft, an déi dir ëmmer gitt.

Extra Club Punkten : als Member vum Extra Club kritt dir zousätzlech Extra Punkte beim Kaf vun Artikelen aus der Extra Club Promotioun.  

D'Extra Punkten, déi sech op de Kaf vu Produkter aus der Extra Club Promotioune bezéien, sinn net op äerem Keessenziedel ze gesinn, an dir musst Minimum 4 Deeg waarde bis är Extra Club Punkten op äerer Kaart agedroe sinn.

Wann dir 60 Extra Punkten hutt, gëtt en Extra Scheck am Wäert vun 3,05€ no äerem Keessenziedel ausgedréckt. Dir kënnt e benotze bei äerem nächsten Akaf. En ass 3 Méint laang gülteg an all onse Renmans Metzelereien an der Belsch an am Groussherzogtem Lëtzebuerg.

Eng Fro stellen

Wéi gëtt ee Member vum Extra Club ?

Fir Member beim Extra Club ze ginn, musst dir eng Extra Kaart hunn (wéi krit een eng Extra Kaart?)

Wann dir schonn eng Extra Kaart hutt, schreift iech online an :

- Op der Emfankssäit vun onsem Site www.renmans.lu : beim Schnellzougank zum Extra Club (ganz uewe riets), klickt op de Link Nach net ageschriwwen ? Fëllt dann de Formular mat äere Koordinaten a mat der Nummer vun äerer Extra Kaart aus (déi ass op der Récksäit vun äerer Kaart uginn).

- Op dem Site vum Extra Club : www.clubextra.lu. Fëllt de Formular fir d'Aschreiwung mat der Nummer vun äerer Extra Kaart (déi op der Récksäit vun äerer Kaart steet) an är Koordinaten aus.

Dir behaalt déi selwecht Extra Kaart.

Eng Fro stellen

D'Zomm vu mengen Extra Punkten ass net op mengem Keessenziedel uginn

D'Zomm vun äeren Extra Punkte steet op äerem Keessenziedel vun de Keef, déi dir an der Referenzmetzlerei gemaach hutt.

Eng Metzlerei gëtt är Referenzmetzlerei no zwee Keef noeneen op dëser Verkafsplaz an an engem Interval vun 48 Stonnen un.

Et ass och an äerer Referenzmetzlerei wou dir är Extra Schecke kritt.

Eng Fro stellen

Ech krut d'Punkte vu mengem Extra Club Kaf net

Am Géigendeel zu den normalen Extra Punkten :

- D'Punkte vun der Extra Kaart ginn am Duerchschnëtt 4 Deeg no äerem Kaf op är Kaart gesat.

- Op äerem Keessenziedel gesitt dir se also net.

Dir kritt eng Bestätegung iwwer E-Mail wann déi Punkten op är Kaart gesat gi sinn.

Eng Fro stellen

Ech krut d'Extra Punkten net fir mäi Gebuertsdag.

Liest nach eng Kéier är E-Mail, déi iech dës Punkten ugëtt. Hutt dir wierklech e Kaf während 6 Deeg virun äerem Gebuertsdag gemaach ?

Wa jo, ginn d'Extrapunkten, déi dir fir äere Gebuertsdag offréiert kritt, am Duerchschnëtt 4 Deeg no äerem Kaf zougesat.

Eng Fro stellen

Ech hu meng Extra Kaart verluer, wat soll ech maachen ?

Dir braucht nëmmen eng nei Extra Kaart bei onse Mataarbechter an der Metzlerei ze froen.

Fir Punkten, déi op äerer verluerener Kaart sinn erëm ze kréien, fëllt der de Formulär, deen dir beim Knapp Kaart verluer vun äerem Extra Club erofluede kënnt. Da ginn d'Extra Punkte vun äerer aler Extra Kaart op déi nei iwwerdroen.

Wann dir d'Nummer vun äerer aler Kaart net wësst, wäerte mir probéieren, se op Grond vun äere Koordinaten erëm ze fannen, wann är Aschreiwung am Ufank komplett wor.

Eng Fro stellen

Ech hu meng Kaart vergiess. Kann een awer meng Punkten dobäi rechnen ?

Frot onst Personal, en Timber op d'Récksäit vum Ticket ze setzen. Är Punkte kënne bei äerem nächsten Akaf op d'Presentatioun vun dësem Ticket dobäi gerechent ginn.

Parkonter kënnen d'Punkten, déi mat äerer Extra Club ze dinn hunn, nëmme bei der Presentatioun vun der Kaart zum Zäitpunkt vum Akaf derbäi gerechent ginn. Duerno kënne mir dës Punkten net méi bäiginn.

Eng Fro stellen

Ech géing gär de Boni vu menge Punkte wëssen.

Mat der Nummer vun äerer Extra Kaart (oder äerem Login) an dem Passwuert drot iech bei äerem Extra Club an (erreechbar um Site www.renmans.lu ganz uewe riets). Klickt dann op de Knapp « meng Punkten » fir de Boni an d'Historik vun äeren Extra Punkten ze kucken. 

Eng Fro stellen

Wéi kann ech meng Koordinaten, E-Mail Adress à jour setzen ?

Mat der Nummer vun äerer Extra Kaart (oder äerem Login) an äerem Passwuert, setzt iech mat äerem Extra Club a Verbindung ( ze erreechen um Site www.renmans.lu ganz uewe riets). Klickt dann op de Knapp « meng perséinlech Donneeën » fir är Koordinaten à jour ze setzen.

Eng Fro stellen

Ech hu mäi Passwuert vergiess, an elo ?

Rendez-vous op der Emfankssäit vum Site www.renmans.lu. Klickt op de Link Passwuert vergiess ? op der Plaz vum schnellen Zougank an den Extra CLub (ganz uewe riets). Äert neit Passwuert gëtt iech an den nächste Minutten iwwer E-Mail zougeschéckt.

Eng Fro stellen

Kréien ech d'Newsletter net méi ?

Et kënnen e puer Ursaache fir dëse Problem ginn :

- Dir hutt är E-Mail Adress geännert a mir wëssen dat net. Changéiert är perséinlech Donneeën fir d'Renmans Newsletter erëm ze kréien. (Wéi setzen ech meng Koordinaten, E-Mail Adress, à jour ?)

- Dir hutt en anere PC oder äere PC anescht configuréiert, esou dass äere System ons E-Maile net méi unhëllt. Kontaktéiert an dësem Fall äeren Informatiker.

Eng Fro stellen

Ech kréien d'Newsletter an enger anerer Sprooch, och wann et virdrun déi richteg wor.

Uewen op äerer wöchentlecher Newsletter hutt dir d'Méiglechkeet, d'Sprooch ze änneren. Vläicht hutt dir dat gemaach ouni opzepassen. Wéi och ëmmer, dir kënnt d'Sprooch iwwer de Link änneren, deen uewen op der Newsletter ass, oder iwwer d'Ännere vun äerer Referenzsprooch an äere perséinlechen Donneeën. (Wéi setzen ech meng Koordinaten, E-Mail Adress, à jour ?)

Eng Fro stellen

Rotschléi

Wat fir eng Quantitéit Fleesch soll ee pro Persoun virgesinn ?

Am allgemenge gesäit een 200 Gr. Fleesch pro Persoun vir, esou guer 250 bis 300 Gr.  je no äerer Entrée oder dem Appetit vun de Gäscht.

Eng Fro stellen

zerwisser

Kann een doheem beliwwert ginn ?

Neen. Mir sinn net équipéiert fir an d'Haus ze liwweren. Mir hunn nämlech keng Killgefierer a kënnen duerfir d'Killketten esou net garantéieren.

Eng Fro stellen

Kann een Produite vun iech ënner Loftverschloss kréien ?

Neen, mir konditionnéieren näischt ënner Loftverschloss.

Eng Fro stellen

Kann ee bestellen ?

Jo. Gitt är Bestellung spéitstens den Owend* virun äerem Besuch an der Metzlerei op :

- Entweder andeem dir iech direkt un ee vun onse Mataarbechter an der Metzlerei adresséiert.

- Oder iwwer Telefon an är Metzlerei; d'Nummer steet uewen op äerem Ticket.

Dee selwechten Dag, gitt direkt bei d'COMMANDE, wou ee vun onse Mataarbechter iech emfänkt. Bezuelt an huelt är Bestellung mat ouni an der Schlaang ze stoen.

Gitt op d'Säit Schnellbestellung

*Fir méi rar Artikele gëtt iech e méi laangen Délai gefrot.

Eng Fro stellen

Kann een online bestellen ?

Neen. Et ass den Ament net méiglech online ze bestellen, mä dëse Projet ass amgaang analyséiert ze ginn.

Eng Fro stellen

Kann een Apparater fir d'Fondue, d'Raclette lounen... ?

Neen. Mir verloune guer keng Apparater.

Eng Fro stellen

U wie kann ech mech wende fir Sponsoring oder Tombolaslousen ?

Wéinst der Zuel vun den Demanden, déi mir ophuelen, maache mir weder Sponsoring nach Annonce mat Reklammen.

Wann dir awer eng Tombola organiséiert, schécke mir iech e puer Lousen.

Adresséiert ons duerfir eng Demande iwwer d'Rubrik Kontakt vun onsem Site.

Eng Fro stellen

Gëtt et Ofschléi fir d'Festdeeg ?

Ons allgemeng Bedéngunge fir Keef a méi grousser Quantitéit ginn et an der Rubrik Promotioune vun dësem Site.

Wann d'Quantitéite vill méi grouss sinn ewéi dat wat mir an dëser Rubrik uginn, adresséiert är Demande iwwer d'Rubrik Kontakt oder rufft ons un op der Nummer 00800/1900 2000.

Eng Fro stellen

Gëtt et Reduktioune fir Jugendbewegungen ?

Jo. Fir d'Jugendbewegungen ginn zousätzlech Virdeeler erdeelt. Adresséiert är Demande iwwer d'Rubrik Kontakt un ons oder rufft ons op der Nummer 00800/1900 2000 un.

Eng Fro stellen

Wat ass d'Reklamm vun dëser Woch ?

Kuckt an ons Rubrik Ons Promotioune fir iwwert ons Reklamme vun der Woch informéiert ze sinn.

Wann dir Member vum Club sidd, fannt dir ons Promotioune vun der Woch an är Bonge fir auszedrécken an äerer Newsletter. Mat äerer Extra Kaart Nummer (oder äerem Login) an äerem Passwuert schalt iech an äeren Extra Club ( ze erreechen um Site www.renmans.lu ganz uewe riets). Klickt op de Knapp Meng Newsletter.

Eng Fro stellen

Ginn Iessensbongen ugeholl ?

Jo. Fir är Keef ze bezuelen, ausser boer, huele mir déi folgend Bezuelméiglechkeeten un :

- D'Iessensbongen

- D'Bankkaart

Eng Fro stellen