ENG FAMILLJEN- A
MËNSCHLECH ENTREPRISE

RENMANS ass eng Entreprise, déi 100% der Famillje gehéiert.

Säit hirer Grënnung 1978 hu mir geschafft fir dass et eng gesond Entreprise gi soll, déi ëmmer méi wiisst mat 305 Metzlereien an der Belsch, 10 am Groussherzogtem Lëtzebuerg a 90 a Frankräich, wou mir ënner dem Numm Henri Boucher schaffen.

All Dag verséchere mir onse Clienten d'Qualitéit, den Zerwiss an d'Berodung, déi si verdéngen (oder déi mir hinne ginn). Dat ass méiglech duerch d'Zesummenaarbecht vun onsen ongeféier 4000 Mataarbechter, déi bestänneg ganz genee ons ganz streng intern Regelen applizéieren.

Een eenzegt Leitmotiv fir dës Regelen : de Respekt vis-à-vis jidderengem vun ons, fir ons Produiten, a schliisslech, an dat besonnesch fir ons Clienten. D'Zuel vun onse Mataarbechteer a vun onsen zefriddene Clientë stäerkt ons op dësem Wee.

Studenten

Fir Samschdes oder während de Schoulvakanzen.
Sief et beim Verkaf oder am Atelier, dir sidd opmierksam a motivéiert. Iech gefält et, mat aneren zesummen ze schaffen, an dir sidd geselleg a begeeschtert. Dir sidd prett fir d'Presentatioun an de Verkaf vun de Produiten, an dass dir duerfir eng Grondformatioun kritt fir dass dir är Aarbecht a Rou a Sécherheet ausféiere kënnt.

Verkeefer/Verkeefesch

Dir zerwéiert de Client gäeren, dir sidd opmierksam, fein a motivéiert. Dir sidd prett mat äere Kollege fir d'Presentatioun an de Verkaf vun de Produiten ze suergen. Dir kritt eng grëndlech Ausbildung an äerer Filial. En attraktivt Basisgehalt  an enger mënschlecher Entreprise. Wéi dir wësst sinn ons Metzlereie Samschdes op, dat ass kee Problem fir iech.

Metzler(in)

Dir sidd fein an enthousiastesch, d'Aarbecht  an der Équipe an am Déngscht vun de Clienten ass wichteg fir iech, wëll dir dorop beduecht sidd, déi bescht Qualitéit ze garantéieren. Dir fillt iech verantwortlech fir d'Resultater vun äerem Geschäft, wat Iech erlabt, frou ze ginn an an der Entreprise virun ze kommen.

Chef-Metzler(in) / Stellvertrieder vum Chef-Metzler / vun der Chef-Metzlerin

Mir bidden Iech eng Fonktioun an engem professionelle Kader un, déi motivéiert. Dir hutt de Sënn vum Commerce a mat der Hëllef vun äerer Équipe geréiert dir eng « Renmans » Metzlerei .  Dir kritt en attraktivt Gehalt an och Primë jee no de Resultater, déi dir erreecht hutt, an nach aner aussergesetzlech Virdeeler.