Dateschutzerklärung

Wëllt Dir wëssen, wéi mir Är Daten innerhalb vum Grupp Renmans schützen? Da liest eise Verhalenskodex. Mir erklären detailléiert, wat mir maachen, fir Är Privatsphär ze schützen, wéi Dir zu all Moment e Matsproocherecht hutt a wéi mir de strikte Respekt vun dëser Erklärung kontrolléieren.

Uwendung

Dës Charta gëllt fir d'Sammelen, d'Verwaltung an d'Benotzung vun Ären Daten duerch d'juristesch Persounen, déi zum Grupp Renmans gehéieren1. Liest dës Dateschutz-Charta, fir méi doriwwer gewuer ze ginn, wéi d'perséinlech Date vum Grupp Renmans gesammelt a verschafft ginn.

Iwwer Renmans

Den Henri Renmans weess, vu wat hie schwätzt. Hien huet d'Metzlerhandwierk vu sengem Papp geléiert a laang am Fleeschdepartement vun enger Supermarchéskette geschafft. Mat dësen zwee Trëmp – Kenntnis vum Domaine an och vum Verkaf – huet hien zesumme mat senger Fra Nicole Albert seng eege Metzlerei gegrënnt.
Déi éischt Renmans-Metzlerei bei Aldi – deemools nach ënnert dem Numm Discount R – huet hir Dieren 1980 opgemaach. Parallel zum Aldi-Réseau ass och Renmans an den nächste Joere séier gewuess.
Als Ënnerstëtzung fir de staarke Wuesstem huet den Henri Renmans sech 1984 mam Richard Bovy zesummegeschloss. De Richard Bovy këmmert sech ëm d'Verwaltung, d'Gestioun vum Personal, d'Comptabilitéit an de Marketing. Hie leescht och e Bäitrag zur kommerzieller Entwécklung vu Renmans.
1989 geet déi éischt Verkafsplaz am Frankräich op – ënnert dem Numm "Henri Boucher" – och bei Aldi. 1992 mécht dat éischt Geschäft zu Lëtzebuerg seng Dieren op.
1993 kommen dem Henri Renmans seng Bouwe Rik an Nico an de Betrib.
2006 kënnt och dem Richard Bovy säi Bouf Jeoffrey Bovy an d'Equipe. Bis haut ass Renmans ëmmer nach zu honnert Prozent e Familljebetrib.

1. Wéi eng Date sammele mir?

Mir sammelen Är Kontaktdaten, wéi Äre Familljennumm, Virnumm, Adress, E-Mail-Adress, Telefonsnummer, Handysnummer, Faxnummer... Mir sammelen och Daten, déi mir vun Drëttpersounen oder aus Verträg, Kontaktformularen, Ëmfroen, Concoursen, Offeren, Publicitéitsaktiounen, Bezuelinformatiounen, Bestellungen, Akeef, asw. kréien.
Mir kënnen och Daten iwwer Iech duerch Är Notzung vun eise Websäiten, soziale Medien, Äntwerten op E-Mailen, Cookien, Click-through-Daten, Navigatiounsdaten an aner Technologie sammelen. Vu kommerzielle Clienten, Fournisseuren oder Betriber, mat deene mir (eventuell) eng Kooperatioun aginn, sammele mir ausser dësen Daten och Daten iwwer d'Firma, wéi d'TVA-Nummer oder d'Nummer vum Betrib, d'Kontaktdate vun den Uspriechpartner bei der juristescher Persoun (Numm, Fonctioun, Telefonsnummer...) a vun de Gesellschafter an/oder de Partnere vun der Firma. Eventuell Interessien, deene mir mat eise Servicer a Geschäftsaktivitéite kënnen entspriechen, ginn och dokumentéiert. Fir aktiv Reklamm bei neie B2B-Clientë kënnen ze maachen, sammele mir och Daten iwwer extern Kanäl wéi Adressdatebanken. Mir huelen da Kontakt mat dëse potentielle B2B-Clienten op. Dono hu si d'Méiglechkeet, hir Daten ze iwwerpréiwen, ze verbesseren, ze änneren oder hirer zukënfteger Notzung ze widderspriechen.

2. Wéi a firwat sammele mir Är perséinlech Daten?

Är perséinlech Date ginn an éischter Linn benotzt fir Iech als Client e bessere Service ze bidden. Sou kënne mir eis Cliente méi cibléiert iwwer Publicitéitsaktiounen informéieren oder hinnen et erméiglechen, u Concoursen deelzehuelen an treie Cliente Reduktiounen ze ginn. Mir benotzen Är Daten eventuell och fir den Direktmarketing ("E-Commerce") oder fir Profiller ze maachen. Mir maachen dat alles natierlech nëmmen am Kader vun de Bestëmmungen, déi d'Legislatioun iwwer den Dateschutz (RGPD) virschreift.
Wann Dir keng Newsletter oder Informatiounen iwwer eis Produiten a Servicer wëllt kréien, kënnt Dir Iech zu all Moment an ouni Grënn unzeginn ofmellen. Schéckt eis dofir eng E-Mail, gitt et an Äre perséinlechen Astellungen an oder kontaktéiert eise Service Client. Dir kënnt och op de Link fir d'Ofmellen an de Publicitéits-E-Maile klicken.
Dir kritt Direktmarketing-Noriichten, wann Dir Äert ausdrécklecht Averständnis dofir ginn hutt. Ouni Äert ausdrécklecht Averständnes kënne mir eis per Direktmarketing un Iech als Bestandsclient nëmme mat Produiten a Servicer wennen, déi deenen ähnlech sinn, déi Dir scho bei eis kaaft hutt oder un deenen Dir Interessi gewisen hutt. Mir benotzen Är Daten och fir statistesch Zwecker a fir eis Servicer a Produite verbesseren ze kënnen. Wa mir zum Beispill mierken, dass bestëmmt Produiten net oder manner verkaaft ginn, da kënne mir ermëttelen, u wat dat läit. Mat Hëllef vu Maartfuerschung oder Verbrauchertester kënne mir zum Beispill versichen, dës Produiten ze verbesseren. Dir kënnt Iech all Moment gratis vun Direktmarketing-Noriichten ofmellen.
Wa mir gesinn, dass eng Websäit oder eng bestëmmt Säit dovu manner besicht gëtt, kënne mir ermëttelen, u wat dat läit. Dono kënne mir dës Websäit upassen an optimiséieren, fir dass Dir als Client d'Informatiounen, déi Dir sicht, méi einfach fannt.

3. Extra-Kaart a Cookies

Ären Numm steet bewosst net op der Clientskaart (Extra-Kaart) vu Renmans. Natierlech kënne mir unhand vun der Extra-Kaart Äre Profil als Client ermëttelen an eis Offer un Är Erwaardungen ofstëmmen. Et ass eng bewosst Entscheedung, Ären Numm net op d'Extra-Kaart ze drécken an dat entsprécht eiser diskreter Aart a Weis, ze schaffen, bei där d'Privatsphär vun eise Clienten en héije Stellewäert huet.

Weider Informatiounen iwwer d'Benotzung vu Cookië fannt Dir ënnert dem folgende Link:
https://renmans.lu/lu_lu/cookies

Weider Informatiounen iwwer d'Benotzung vun der Clientskaart (der Extra-Kaart) fannt Dir ënnert folgendem Link:
https://renmans.lu/lu_lu/node/8223

4. Verwaltung vun den Datebanken

All perséinlech Date gi vun der Firma Brabhold, engem Betrib vum Grupp Renmans, verwalt, dee fir d'Gestioun vun de Clienten an d'Informatik verantwortlech ass. Dës Date kënnen tëschent de juristesche Persounen, déi zum Grupp Renmans gehéieren, transferéiert ginn. Innerhalb vum Grupp Renmans kënnen nëmmen zoustänneg Persounen op d'Daten zougräifen, déi wéinst hiren Aufgaben Zougrëff op dës Date mussen hunn. D'perséinlech Date ginn nëmmen an Iwwerteneestëmmung mam Zweck vum Traitement traitéiert.

5. Späicherdauer

Mir späicheren Är perséinlech Daten net méi laang wéi néideg. Mir si verpflicht, Informatiounen an Iwwerteneestëmmung mam Gesetz ze späicheren. Wéi laang bestëmmt Aarte vu perséinlechen Date musse gespäichert ginn, kann och vu bestëmmten Oplagen a Gewunnechte vun der Branche virgi sinn.

6. Transfer un Drëttpersounen

Mir verkafen oder verlounen Är Daten ni u Betriber oder Persounen, déi net zum Grupp Renmans gehéieren. De Grupp Renmans gesäit Är Daten als vertraulech Informatiounen un.
Mir beoptrage regelméisseg extern Soustraitanten. An dësem Kader gi mir fir bestëmmt Aufgaben oder Ënnersichungen Daten temporär un Drëttpersoune weider, wa mir net selwer déi néideg Ressourcen hunn. An dësem Fall passe mir ëmmer op, dass Är Date vertraulech behandelt ginn a mat Sécherheetsmoossname genotzt ginn. Dat hale mir mat dëse Soustraitanten och ëmmer an engem Kontrakt fest. Sou dierf de betraffene Soustraitant Är Daten ni op eegen Initiativ notzen a muss Är Date läschen, esoubal hien den Optrag erleedegt huet.

7. Wéi kënnt Dir Är Date consultéieren, verbesseren oder läsche loossen?

Dir hutt d'Recht, Iech bei Renmans ze informéieren, ob Är Date vun eis traitéiert goufen. Fir dëst Recht auszeüben, musst Dir eng offiziell Ufro maachen an däitlech uginn, wat genee Dir wëllt wëssen, verbesseren oder läsche loossen.
Wann Är Daten tatsächlech traitéiert goufen, kënnt Dir och onageschränkten Zougang zu de perséinlechen Daten an eisem Besëtz verlaangen an Informatiounen iwwer d'Grënn fir den Traitement an den Delai froen, während deem mir d'Informatioune späicheren an traitéieren. Dir kënnt och d'Verbesserung oder d'Läschung vun Ären Date verlaangen, Widdersproch géint hir Notzung aleeën, hir Notzung aschränken an Iech d'perséinlech Daten an eisem Besëtz schécke loossen.
Renmans traitéiert Är Ufro esou séier wéi méiglech an informéiert Iech doriwwer.

8. Är perséinlech Daten ausserhalb vun Europa

Renmans transferéiert Är perséinlech Daten net un Empfänger ausserhalb vun Europa, wa keng gesetzlech Pflichten deem entgéingstinn.
9. Wéi kënnt Dir eis erreechen?
Wann Dir Froen zu dëser Dateschutzerklärung, Äre Rechter wat Är perséinlech Date betrëfft oder den Traitement vun den Daten duerch Renmans hutt, kënnt Dir eis iwwer den Online-

Kontaktformular erreechen:
https://www.renmans.lu/lu_lu/kontaktéiert-ons
Oder per Bréif un déi folgend Adress:
Viande Luxembourg
Rue Henri Schnadt 4
L- 2530 Luxembourg

Fir d'national Iwwerwaachungsautoritéit ze kontaktéieren, wennt Iech w.e.g. un:
Nationale Kommission für den Datenschutz
1, avenue du Rock’n’Roll
L-4361 Esch-sur-Alzette
Tel. : (+352) 26 10 60 -1
Fax. : (+352) 26 10 60 - 29
https://cnpd.public.lu/de/support/contact.html