"Ech si fir dës Aarbecht gemaach"

D'Haaptmissioun vun eisen Equipen ass ganz einfach d'Zefriddenheet vum Client! An dat erreecht een nëmme mat enger gudder Dosis Leidenschaft an Iwwerzeegung. Bei Renmans wëlle mir dass Är Aarbecht e Sprongbriet fir Äert Talent ass, dass se Iech erlaabt, Iech z'entwéckelen an Iech bewosst ze ginn, wéi wichteg et ass, zesumme fir e gemeinsamt Zil ze schaffen. 

Christophe, Féiz: "Ech passionéiere mech fir alles wat mat Ernährung ze dinn huet, vum Réimaterial oder de Basiszutaten zum Resultat um Teller. Kachen, Traiteurservice, Metzlerei, Bäckerei... Dat alles interesséiert mech ganz staark. Ech sinn 2006 Member vun der Equipe vun Diddeleng gi fir mech ëm d'Spezialitéiten ze këmmeren. Ech war awer fest entschloss, esou séier wéi méiglech e Maximum u Kenntnisser ze sammelen."

"Dono hunn ech eng Formatioun als Metzler gemaach fir mech professionell weider z'entwéckelen. Ech hunn dëse Beruff gär, well ech vill verschidde Saache muss geréieren. Et ass en immens variéierte Beruff mat ville Responsabilitéiten. Ech si fir dës Aarbecht gemaach, well ech vun Natur aus ëmmer immens aktiv sinn a prett fir nei Saachen ze testen! "

"D'Zefriddenheet vum Client ass enorm wichteg fir mech. Als stellvertriedende Chef ass et meng Responsabilitéit, d'Membere vun der Equipe auszebilden a se dovun z'iwwerzeegen, wéi wichteg et ass, dass d'Clienten zefridde sinn. Ech muss dofir heiansdo vill Efforte maachen, déi awer grouss belount ginn, wann ech et fäerdeg bréngen, de Message eriwwerzebréngen. "