Déi dräi Wäerter vu Renmans

Qualitéit

Frëscht, Hygiène an Knowhow sinn d'Fundamenter vun der Qualitéit vu Renmans an d'Basis vun eiser Signatur "Wiechter vun der Qualitéit". Eng Qualitéit bei där mir keng Kompromësser maachen. Am Géigendeel, mir hunn nëmmen een Zil: eis konstant ze verbesseren, vun der Auswiel vun de Fournisseure bis zum Service am Geschäft. Mir hunn eis fir kuerz Weeër entscheet, sou dass d'Schwéngefleesch, d'Rëndfleesch an d'Kalleffleesch an eisen eegenen Ateliere mat topmodernem Material verschafft ginn, fir d'Liewensmëttelsécherheet perfekt ze garantéieren. Fir dass se ëmmer optimal sinn, ginn d'Konditioune vun der Conservatioun, der Preparatioun an dem Verkaf vun eisem Fleesch internen an externe Kontrollen ënnerzunn. 

 

Knowhow

D'Metzlerei ass eng Konscht déi et zënter Jordausende gëtt. Eng Konscht, déi mir kultivéieren. Renmans ass de Garant vun eisem traditionellen Knowhow, vum Respekt vum Fleesch a vun engem personaliséierte Service. Eis Mataarbechter si Profie mat vill Erfahrung, déi ëmmer zu Ärer Verfügung stinn, fir Iech z'inspiréieren an Iech Rotschléi ze ginn an déi ëmmer alles maache fir dass de Client zefridden ass. Eis Erfahrung, eisen Knowhow an eis berufflecht Wësse ginn duerch eng zollitt Formatioun un d'jonk Generatioun weiderginn. 

 

Engagement

Als Firma iwwerhëlt Renmans seng Verantwortung fir d'Mënschen a fir d'Gesellschaft. Mir investéieren an d'Wuelbefannen an an d'Formatioun vun eise Mataarbechter. . Mir zeechnen eis doduerch aus, dass mir eise Cliente wierklech nolauschteren an dass mir hir Wënsch mat engem Laachen erfëllen. Mir bekämpfen d'Verschwendung an d'Iwwerproduktioun andeems mir d'Nofro duerchduecht anticipéieren. A well mir eis bewosst sinn, dass net jiddereen all Dag vun enger gudder Molzecht ka profitéieren, déi sat mécht, ënnerstëtze mir sozial Organisatiounen, andeems mir hinne Fleesch vun der selwechter Qualitéit wéi dat, wat Dir an eisen Théike fannt, zur Verfügung stellen.