EN NEIT JOER MAT MOEREM FLEESCH

Dir wëllt no de Feierdeeg e bësse méi liicht iessen? Renmans proposéiert Iech eng grouss Auswiel u moerem Fleesch, dat Dir op Äre Sandwichen oder als Haaptplat kënnt degustéieren. D'"wäisst Fleesch" oder d'Gefligel sinn net dat eenzegt moert Fleesch. Vill aner Stécker Fleesch si souwuel gesond, liicht a lecker. Lauter gutt Grënn fir eis Promotiounen op d'moert Fleesch am Januar net ze verpassen!

 
 
Viande maigre Renmans
 
 
 

Wéi e Coq en Pâte mat Gefligel

Mat engem Sandwich oder engem Plat mat Gefligel maacht Dir ëmmer eng agreabel Molzecht. Dëst Fleesch huet vill Aminosaieren a Proteinen a wéineg gesättegt Fett. Mir proposéieren eng variéiert Gamme: frësche ganze PouletPouletsfilet vun der Broschtwäisst Stéck Poulet gewierzt oder net, DindeKachfleesch ouni Schank fir d'Zopp an nach vill méi. E gudde gegrillte Poulet huet eng knuspereg Haut an zaart a säftegt Fleesch. Fir dëst Resultat ze kréien, musst Dir d'Kachzäit gutt doséieren. Dem Kach säin Trick: wann duerchsiichtegen (an net rosaen) Jus aus dem Poulet leeft wann Dir en ophieft, dann ass e perfekt gegrillt.

 
 
 

Eng moer Garnitur fir Är Sandwichen

Ham(all Zorten), RoastbeefPouletsfiletFilet américain… Dat ass nëmmen eng kleng Auswiel aus de moere Garnituren, déi Renmans Iech fir Är Sandwiche proposéieren. Se sinn ëmmer ouni Faarfstoffer, kënschtlech Aromaen a Konservéierungmëttelen. Äre Metzler beréit Iech gär. E Must: mir loossen eiser leckerer Lëtzebuerger Häm zéng Méint Zäit fir ze dréchnen. Dono huelen eis Metzleren d'Kuuscht erof fir Iech en aussergewéinlech duussen a ronne Goût am Mond ze offréieren. Och lecker als Zalot!

 
 
 

Am Schäffchen oder an der Pan

Déi meescht Stécker vum Rand si moer. D'Rass vu Ranner déi an der Belsch am beschte bekannt ass ass de "blanc bleu belge". D'Cuissë vum Déier enthalen enorm vill Fleesch, dofir gëtt dës Rass och "grosse Cuisse" genannt. Hiert Fleesch ass moer (nëmmen 2% Fett) an immens zaart, well hiert Muskelgewebe ganz reng ass. E moere Steak, e renge Filet an e Roastbeef enthalen och manner wéi 3 Gramm Fett fir 100 Gramm Fleesch. An der Promotioun am Januar: de Chateaubriand (och Grosse Cuisse, Grosse Tête oder Filet d’Anvers genannt) ass ganz moert an zaart Fleesch.