GEFËLLT GEFLIGEL

Poulet, Int, Pärelhong, Dinde a Chapon... all dëst Gefligel ass gesond, liicht a moer. Et muss nëmmen nach mat enger zaarter a säfteger Fëllung voller Goût gefëllt ginn a schonn hutt Dir immens lecker Festdagsplaten. D'gefëllt Gefligel, dat prett fir ze broden ass, ass eng Spezialitéit, mä Dir kënnt d'Produiten och selwer verschaffen! 

 


 
 
 
 
 

Caille farcie

 

Eng perfekt Mëschung

D'gefëllt Gefligel ass eng Spezialitéit vun der kulinarescher Traditioun, déi d'Renmans-Metzlereie perfekt beherrschen an zanter ville Joere mat Leidenschaft preparéieren. D'Fleesch vum Gefligel, dat heiansdo e bëssen dréchen ass, passt perfekt bei zaart a säftegt Gehacktes. No de Regele vun der Konscht huele mir all d'Schanke vum Fleesch eraus, fir dass Dir et einfach op Ärem Festdagsdësch kënnt schneiden. Dat Ganzt gëtt vun enger ganz dënner Crépine zesummegehal, déi dem Plat eng lecker knuspreg Note gëtt.

 
 

Volaille farcie

 

Wat ass eng Crépine?

D'Crépine, déi och Coiffe oder Toilette genannt gëtt, ass d'Bauchfell vum Schwäin, dat heescht d'Membran ronderëm säi Geträips. Se ass ganz dënn a mat Proteinen duerchzunn a gëtt oft an der Charcuterie benotzt fir kulinaresch Preparatioune wéi Patéen, Wurschten, Rouladen, Broten, asw. zesummenzehalen. Se schmëlzt beim Broden an hannerléisst nëmme liicht Marken um gekachte Stéck. Se verännert de Goût absolut net an ass relativ einfach ze handhaben. Se ass net esou fetteg wéi eng Tranche Speck, méi einfach ze verdauen a vermeit, ze vill déieresch Fett ze consomméieren.

 
 

Dinde de Noël

 

Festdagsiessen

Mir preparéieren eist selwergemaacht Gefëllsmat Schwéngs- a Rëndsgehacktes, Ënnen, frëschem Péiterséileg, Porto a Praumen. Dir kënnt et och eenzel kafen, wann Dir Äert Gefligel gär selwer fëllt. E gefëllten Dindesträmpel huet ëmmer e schéinen Effekt um Festdagsdësch, virun allem mat Tranchen Tomat oder Orange ënnert der Crépine. D'Plate mat gefëlltem Gefligel si schéin ze presentéieren an awer einfach ze preparéieren. Se mussen nëmme mat e bësse Fett während 30 bis 90 Minutten, jee nom Produit, am Schäffche gebrode ginn. D'waarm Zoossen (mat Schampes, Trüffelen oder Champignonen) ginn Ärem gefëllte Fleesch déi lescht Touche.

 
 

 

Bonnes Fêtes!