Tuyaue fir ze grillen

Mat Holzkuelen, Gas oder elektresch, soubal wéi d'Sonn sech blécke léisst, huele vill Leit de Grill nom Wanter, dee keen Enn wollt kréien, eraus. Grillen huet nach näischt u Popularitéit verluer, ganz am Géigendeel. Ausser dem sozialen Aspekt ass gegrillt Fleesch och einfach nëmme lecker. D'Fleesch kritt e speziellen, liicht gereecherte Goût. Maacht aus dem Grillen e richtegt Fest, mat dësen Tuyauen a Rotschléi!

  • Passt drop op, dass de Grill fest installéiert ass an op enger sécherer Plaz steet. Passt op d'Kanner op, déi iwwerall ronderëm lafen. 
  • D'Hygiène ass immens wichteg! Wäscht Iech regelméisseg d'Hänn mat Seef a benotzt verschidde Pincen, Forschetten an Tellere fir d'réit Fleesch a fir d'gegrillt Produiten. Setzt d'Liewensmëttel ni an d'prall Sonn, mä loosst se all esou laang wéi méiglech am Frigo.
  • Benotzt Cubë fir d'Feier unzefänken a verdeelt se op den Holzkuelen oder de Bricketten. Waart bis d'Holzkuele wäiss sinn a bis dass sech eng homogen Couche Äsche gebilt huet. Et dierf keng Flam méi siichtbar sinn. Placéiert de Grill 25 bis 40 cm driwwer a maacht e bëssen Ueleg drop.
  • Waart relativ laang ier Dir d'Fleesch drop leet, soss verbrennt et baussen a bleift banne réi. D'Stécker déi lues musse grille gi méi héich gesat, d'Stécker déi méi séier grille méi no un den Holzkuelen.
  • Gëlle Regel: wann Dir Är Hand méi wéi 2 Sekonnen 10 cm iwwert den Holzkuele kënnt loossen, dann ass Äre Grill net waarm genuch. 
  • Fänkt mam Gefligel a mam Schwéngefleesch un, déi méi laang musse goen. Huelt dono d'Kalleffleesch oder d'Hämmelfleesch an zum Schluss d'Rëndfleesch, dat am beschte bluddeg giess gëtt. Virgekacht Produite kënnen och zum Schluss op de Grill gesat ginn, well si nëmmen nach musse gewiermt ginn. Dréint d'Fleesch regelméisseg ëm, bis et gutt gebroden ass. De Grill ass meeschtens un den Enner net esou waarm wéi an der Mëtt. Dat ass praktesch fir ze verhënneren, dass d'Fleesch verbrennt. Schneit d'Stécker, déi ze vill schwaarz sinn of.