Eis Päck erlaben Iech et, d'ganzt Joer laang vu virdeelhafte Präisser ze profitéieren. D'Päck enthale frësch Produiten, déi einfach anzefréiere sinn.
Kenn ech een Artikel an de Päck änneren?
- Dir kënnt een Artikel an de Päck RËNDFLEESCH, SUPER, HAUSFRA a BARBECUE änneren.
- Dir kennt zwee Artikelen an de Päck DISCOUNT a FAMILL änneren.
- De Präis vum Substitutiounsartikel dierf net méi wéi een Euro iwwer dem Kilospräis leien (= super virdeelhaft!)
- Opgepasst: et ass den Artikel, deen am Ufank am Pak virgesi war, deen um Keesenticket steet.
Wéi ass et, wann Artikele vum Pak an der Promotioun sinn?
Wann een oder méi Artikele vum Pak an der Promotioun sinn, gëtt de Promotiounspräis applizéiert an Dir kritt 10 oder 15% Reduktioun, jee nom Pak. Wann op engem Artikel vum Pak eng Promotioun mat Extra-Punkten ass, kritt Dir nëmmen d'Promotioun vun 10 oder 15%, déi virgesinn ass.
Fir weider Informatioun, zéckt net fir Iech un ee vun eise Mataarbechter ze wennen oder gratis den 00 800/1900 2000 unzeruffen.