Eis Virdeeler

Firwat bei Renmans schaffen?

Et sinn d'Leit, déi den Ënnerscheed maachen, dat wësse mer nëmmen ze gutt. Eise Succès ass d'Resultat vum Engagement vun all eise Mataarbechter, déi all Dag present si fir d'Qualitéit, déi d'Reputatioun vu Renmans ausmécht, z'offréieren. En zefriddene Client, e Kompliment, en häerzlecht Klappen op d'Schëller: dat ass et, wat eis motivéiert. Eis Mataarbechter sinn houfreg op hire Beruff an hire Betrib. A mir sinn houfreg op si, well ouni si géing Renmans haut net zu de beschte Metzlereien zu Lëtzebuerg an an der Belsch zielen. Dir hutt keng Erfahrung, mä Dir sidd motivéiert a wëllt léieren? Och Dir sidd wëllkomm an der Renmans-Famill. 

Chansen ergräifen

Chancen ergräifen

Eis Filiale sinn am ganze Land verspreet a mir maachen all Joer nei Geschäfter op. Et ginn dofir regelméisseg Posten op verschiddene Plaze fräi, wat eng grouss Chance ass fir nei Erausfuerderungen unzehuelen. Fir dës Posten ze besetze gi mer ëmmer eisen interne Mataarbechter, déi sech mat Kierper a Séil fir hire Beruff asetzen, de Virrang. Bal alleguer eis Kaderen hu bei eis als Metzler ugefaang an haten d'Méiglechkeet, sech mam Betrib ze entwéckelen.

Eng sécher Aarbechtsplaz

Eng sécher Aarbechtsplaz

Mir schaffen esou vill wéi méiglech mat permanenten Aarbechtskontrakten, déi net befrist sinn. Ausser der Sécherheet vun der Aarbechtsplaz kënnt Dir op eng attraktiv Pai zielen, bei déi Chèque-Repasen a Reduktiounen op den Akeef an eise Geschäfter kommen. Vun engem bestëmmten Niveau un, kënnt Dir och vun engem System vu Bedeelegungen um Benefice, dee mat de Resultater vun der Filial zesummenhänkt, profitéieren. 

Sech op der Aarbecht wuelfillen

Sech op der Aarbecht wuelfillen

Et läit eis um Häerz, dass Dir Iech wuelfillt an dass d'Aarbechtsambiance gutt ass. "Eng Carrière an der Metzlerei?" Ouni ze zécken! An eisen Equippe passe mir een op den aneren op. Dir kënnt Iech ëmmer un Äre Virgesetzte wennen. Mir versichen, jidderengem d'Méiglechkeet ze ginn, Privatliewen a Beruffsliewen op eng equilibréiert Aart a Weis an Aklang ze bréngen. Dir kritt Ären Aarbechtsplang zwou Wochen am Viraus. Während verschidde Periode wou vill lass ass, erwaarde mer méi Flexibilitéit, mä Dir kritt selbstverständlech eppes aplaz.   

Eng aussergewéinlech Formation

Eng aussergewéinlech Formatioun

Keen ass e perfekte Mataarbechter vum éischten Dag un. Mir ginn Iech all d'Formatiounen, déi néideg sinn, an d'Zäit, déi Dir braucht fir Iech a Konformitéit zu den Normen an de Wäerter vum Betrib ze entwéckelen. Vum éischten Aarbechtsdag u këmmert e Kolleg mat Erfahrung sech ëm Iech an hëlleft Iech, fir dass Dir Iech esou séier wéi méiglech an Ärem neien Aarbechtsëmfeld wuel fillt. D'Formatioune vun eise Mataarbechter ginn deelweis vum europäesche Sozialfong (Fonds social européen) ënnerstëtzt.