SÉIER BESTELLUNG

Wëllt Dir beim Akafen Zäit gewannen?
Profitéiert vun eisem
Service "Séier Bestellung"

1
GITT ÄR BESTELLUNG OP

Gitt Är Bestellung spéitstens den Dag virun der Liwwerung op*. Dir kënnt dat per Telefon maachen oder direkt bei engem vun eise Mataarbechter an der Metzlerei. Dir fannt d'Telefonsnummer vun Ärer Metzlerei hei.

* Fir manner geleefeg Artikele kann den Delai fir d'Liwwerung méi laang sinn.

2
KOMMT ÄR BESTELLUNG SICHEN OUNI ZE WAARDEN

Gitt bei de Punkt "Séier Bestellung" vun Ärem Geschäft an dréckt op d'Schell. E Mataarbechter këmmert sech esou séier wéi méiglech ëm Iech. Maacht mat eise Mataarbechter eng Auerzäit fir d'Ofhuelen aus, déi Iech passt.

Wann Dir nach zousätzlech zu Ärer Bestellung eppes wëllt kafen, biede mer Iech, en Ticket ze huelen an aus Respekt virun den anere Clienten Ären Tour ofzewaarden.

3
ÄDDI A MERCI

Mir maachen alles fir dass eise Service "Séier Bestellung" esou efficace wéi méiglech ass.