De perfekte bluddege Bifdeck

Dëst Fleesch kënnt meeschtens vun Déieren, déi am Alter vun 18 bis 24 Méint geschluecht ginn.

 

  • Huelt de Bifdeck aus dem Frigo a loosst e bei Zëmmertemperatur leien.
  • Salzt a peffert déi zwou Säiten.
  • Loosst Botter an enger Pan schmëlzen - ouni en ze verbrennen - bis dass d'Pan gutt waarm ass.
  • Brot de Bifdeck während 2 Minutten op all Säit un.
  • Huelt d'Pan vun der Plack a loosst d'Fleesch nach e puer Minutten am Schäffchen op 180 °C goen.

 

  • E Bifdeck, deen 2,5 cm deck ass, ass no ongeféier 2 Minutte bluddeg. E Bifdeck, deen 4 cm deck ass, brauch ongeféier 3 Minutten.
  • D'Temperatur bannen am Fleesch seet Iech, wéi duerch et ass. Wann Dir Zweiwel hutt, da kann e Fleeschthermometer Iech hëllefen:

Bleu: 45 °C
Bluddeg: 50 °C
À point: 60/65 °C
Gutt gebroden: + 70 °C