En artisanalen Knowhow

Den traditionellen Knowhow hëlt an eisen Atelieren eng zentral Plaz an. De Chef a säi Stellvertrieder kennen all Aspekt vum Beruff a ginn dat un déi nächst Generatioun weider. Sou kënne si déi bescht Qualitéit proposéieren an d'Exigenze vum Client erfëllen. 

Alles gëtt vu Meeschterhand preparéiert

Keng Qualitéit ouni Knowhow! D'Metzlerei ass eng Konscht déi et zënter Jordausende gëtt, eng Konscht, déi mir kultivéieren. E Beruff, dee vu Generatioun zu Generatioun weidergi gëtt. All Metzlerei huet hiren eegenen Atelier a säin eegent Material. Do preparéiert de Metzler all Dag d'Spezialitéiten an d'frëscht Fleesch mat vill Suergfalt an Engagement. 

Eng räich Traditioun 

All eis Metzlere profitéiere vun enger interner Formatioun a léieren d'Kenntnisser vum Beruff, déi eenzegaarteg bei Renmans sinn. Alles wat mir maachen, maache mir fir de Client zefridden ze stellen. Mir deelen eist Wëssen, ee mat deem aneren a mat eise Clienten, an dat schonn zanter bal 40 Joer. En traditionelle Service proposéieren ass en zentraalt Element vun eiser Philosophie: frëscht Fleesch, en authenteschen Knowhow an e personaliséierte Service. 

De Client am Zentrum vun de Préoccupatiounen

Méi nach: bei Renmans ass de Client Kinnek! Et ass eng Éier fir eis, senge Wënsch a Preferenzen nozelauschteren. E Bifdeck mat ganz spezifeschen Dimensiounen? Mir schneiden e fir Iech op d'Mooss. Eng besonnesch Geleeënheet oder vill Invitéen? Mir ginn Iech Rotschléi. Mir si prett fir all Client a fir eng Äntwert op all Fro ze ginn. Och dat ass Knowhow!