Keng Gefréiertruhen

D'Frëscht ass ee vun de groussen Trëmp vu Renmans. Mir schneiden d'Fleesch direkt aus de Stécker, déi mir geliwwert kréien, jee no der Nofro. An alle Regele vun der Konscht, selbstverständlech. Well d'Qualitéit an den Knowhow schmaacht een!  

D'Bestellungen optimiséieren

All Chefmetzler ass och en Expert an der Konscht vun der Planifikatioun. E bestellt all Dag nëmmen d'Fleesch, dat néideg ass. Dank eisem automatiséierte System fir de Stock ze geréieren, wësse mir genee, wat mir musse bestellen, wéini a wat fir eng Quantitéiten. Mir stockéiere keng gefruere Produiten. Esou reduzéiere mer d'Verschwendung a garantéieren eng optimal Frëscht. 

Transparenz 

Kuckt an der Metzlerei: d'Origine vum Rëndfleesch a vum Kalleffleesch am Geschäft gëtt kloer a ganz transparent affichéiert. Bei eis fannt Dir keng Gefréiertruhen an Dir wäert der och ni fannen. Mir verkafen nëmme frëscht Fleesch*. Fir dës ultimativ Frëscht ze garantéieren, passe mir drop op, dass d'Weeër esou kuerz wéi méiglech sinn.  

(*) Mat Ausnam vun der Rëndszong an de Schwéngsrëppen, déi mir heiansdo entdeet geliwwert kréien. Wann dat de Fall ass, steet dat op der Etiquette an der Metzlerei.

Kuerz Weeër

De gréissten Deel* vun eisem Fleesch gëtt direkt vum Schluechthaus un eis Filiale geliwwert, ouni Tëschenhändler, Stockage oder onnéidegen Transport. Eis Fournisseure liwweren all Dag frëscht Fleesch un eis Geschäfter. Eis Metzlere maache sech dono am Atelier un d'Aarbecht. 

*mat der Ausnam vun e puer méi spezielle Stécker aus Uruguay oder Irland.  Eist Gefligel kënnt aus der Belsch, mat der Ausnam vun der Dinde, déi aus Frankräich kënnt, an d'Hämmelfleesch kënnt aus dem Vereente Kinniksräich.