Hamburgerowend

Ideal fir ze grillen, fir um Barbecue ze broden, fir déi Jonk an déi manner jonk, Summer wéi Wanter... wie ka schonn engem säftegen Hamburger an engem knusperege Bréitchen, dat mat Geméis garnéiert ass, widderstoen? Frot Äre Metzler ëm Rot fir déi perfekt Mëschung. Wosst Dir, dass mir Iech och d'Zoosse proposéieren, déi Dir braucht?  

Tuyauen a Rotschléi

Fir d'Iwwerraschungsgebuertsdagsparty fir säi Frënd Michel organiséiert d'Olivia en Hamburgerowend mat zéng Frënn. Hatt erzielt eis: "De Michel ass immens frou mat Hamburger, dofir wosst ech, dass dës Iwwerraschung him wierklech géing Freed maachen. Jiddereen huet awer seng Preferenzen, wat d'Zort vun Hamburger ugeet. Mäi Metzler konnt mer verschidde Produite fir ze grille proposéieren: moert Rëndfleesch, säfteg Grillburger aus Rëndfleesch, Cheeseburger, mat Speck a souguer Pouletsburger. " 

De Virdeel vun der Frëscht

"D'Vendeuse huet mer gehollef fir déi richteg Produiten a Quantitéite fir eise Grupp ze wielen. Se huet mer erkläert, dass d'Hamburger e puer Mol pro Dag frësch preparéiert ginn, op Basis vu ganz frëschem Schwéngsgehacktes ouni Konservéierungsstoffer. An ech muss soen, dass een dës Frëscht och wierklech schmaacht. Jidderengem huet et gutt geschmaacht. An et ass immens praktesch, dass d'Zoossen och op der Plaz disponibel sinn." 

Mix & match

D'Moral vun der Geschicht? Mam Fleesch ass et wéi mat villen anere Saachen. Et gëtt esou vill Auswiel, dass et méiglech ass, dat ze wielen, dat am beschten zu Iech an Ärem Liewensstil passt. E Spiiss mat véier Stécker vun Ärem Liiblingsfleesch? Oder léiwer sechs? Nëmme mat Ënnen a gréngem Paprika? Vum ganz dënn geschniddene Carpaccio bis zu der enormer Côte à l'Os: mir preparéieren Äert Liiblingsfleesch genee esou, wéi Dir et gär hätt.