Den Atelier

Hannert all Geschäft ass d'Häerz vum Betrib Renmans: den Atelier. Eng eege Metzlerei fir all Geschäft, ass dat wierklech néideg? Eis Äntwert ass jo! Well mir all Client esou zerwéiere wëlle wéi hien et verdéngt. 

Äre Virdeel?

Wat mécht Renmans eenzegaarteg an der Welt vun der Metzlerei? Ouni Zweiwel den Atelier, dee sech an all Metzlerei befënnt. Dat wat Dir an der Théik gesitt gëtt effektiv net fäerdeg preparéiert geliwwert. Meeschtens gëtt d'Fleesch direkt - an engem optimal frëschen Zoustand - vun de Schluechthaiser an de lokale Fournisseuren an den Atelier geliwwert, wou et strikte Kontrollen ënnerzu gëtt an dono geschnidde gëtt.

Eenzegaarteg Virdeeler

Dank eisen eegenen Atelieren, kënne mir eise Clienten net nëmmen déi ultimativ Frëscht liwweren, mä och genee dat Fleesch, dat si wëllen. Mir schneiden, preparéieren oder paken d'Fleesch an, esou wéi Dir et gär hätt. Och wann d'Geschäft geschwënn zou mécht. Mir preparéiere Platen, Spiisser, Hamburger, Bifdecker, Wurschten, asw. op d'Mooss... A wann e Produit an der Théik ausverkaaft ass, da preparéiere mir direkt neies. 

Topmodern Equipementer

Den traditionellen Knowhow ass ëmmer am Zentrum vun eise Préoccupatiounen. Dat heescht awer net, dass mir d'Evolutioune vun eiser Zäit net suivéieren. Am Atelier fënnt een héichmodern Apparater, wéi och "klassescht" Material fir d'Schanken erauszehuelen, ze hacken an ze schneiden. Mir bréngen deene Jonken d'Léift fir de Beruff bäi, ënnert der Direktioun vun engem echte Chefmetzler, deen all Dag dat bescht aus senger Equipe eraushëlt an aus all Client en zefriddene Client mécht.