Perfekt gebrode Fleesch? Hei ass dat wat Dir braucht!

Et brauch ee keng Kiche wéi e Stärekach fir gutt ze kachen, mä wat ass d'minimaalt Equipement, dat ee brauch fir dëst leckert Stéck frëscht Fleesch ze broden?

D'Pan

Wie kann enger schéiner goldbronger Kuuscht widderstoen? Dir kënnt ni e perfekte Bifdeck an enger Pan mat Antihaftbeschichtung broden. Benotzt dofir eng Pan ouni Antihaftbeschichtung. D'Reschter vum Broden, déi sech dora forme sinn dono eng ideal Basis fir d'Zooss. Mir recommandéieren d'Benotzung vun enger Pan mat engem decke Buedem, déi d'Hëtzt besser hält, nodeems Dir d'Fleesch dra geluecht hutt. D'Pan muss waarm si fir ze verhënneren, dass d'Fleesch dra peche bleift. 
 

Benotzt eng Spachtel oder Pincen

Et ass besser, d'Benotzung vun der Forschette ze vermeide fir d'Fleesch ëmzedréinen. Wann Dir dra pickt, risquéiert Dir dat bescht vum Jus bannen am Fleesch ze verléieren. 

D'Brieder fir ze schneide

D'Brieder fir ze schneide ginn et aus Holz, Plastik oder Glas

Messere

Mat Ärem universal Kichemesser kënnt Dir Fleesch, Fësch a Geméis schneiden a souguer Gewierzer hacken. Dëst polyvalent Instrument ass e Must fir all Amateurkach. Et ass net néideg, dat deierst ze wielen. Mat engem gudden "demi-chef"-Messer (Basisformat, 20 cm) fir ongeféier 100 Euro kënnt Dir scho ganz vill maachen. Et gëtt e groussen Ënnerscheed tëschent geschmiddene Messeren a gestanzte Messeren. D'gestanzt Messere si méi bëlleg. Hir Schneide sinn aus Stol, ouni geschmidden ze sinn. Et ass meeschtens Material vu mannerwäerteger Qualitéit, am Géigesaz zu de geschmiddene Messeren, déi meeschtens méi schwéier sinn. Fir de Rescht hutt Dir d'Wiel tëschent ville Modeller. Versicht der esou vill wéi méiglech ze testen, bis Dir dat fannt, dat Iech perfekt passt.  

D'Fleeschmesser, mat senger laanger schmueler Schneid, erlaabt et, ganz einfach duerch Muskelgewebe ze schneiden. Domat ass et méi einfach dënn Tranchë vun engem Rosbif oder engem Brot ze schneiden, wéi mat engem laange Kichemesser. Benotzt op kee Fall e Messer mat Zacken, well Dir géingt d'Struktur vum Fleesch beschiedegen. 

Iesst mat engem Steakmesser. Wielt en dënnt, flexibelt Messer, deem seng zollitt Schneid perfekt ass fir gebrodent Fleesch, zum Beispill Bifdecker a Kotletten, ze genéissen.