Fleesch entdeeën

Am Géigesaz vum Afréieren, muss d'Entdeeë lues sinn. Den Dag ier Dir kacht, setzt d'zougedeckt Fleesch an den ënneschten Deel vun Ärem Frigo oder loosst et an der Verpakung, an där et agefruer gouf, entdeeën. Sou absorbéiert d'Fleesch d'Flëssegkeet progressiv a bleift gutt säfteg. Vermeit et, mat waarmem Waasser oder an der Sonn ze entdeeën: de Goût an d'Zaartheet gi verluer, genee wéi de Jus vum Fleesch an d'Bakterie kënne sech ausbreeden. 

An der Mikrowell entdeeën

Dat geet séier, awer dës Method fir ze entdeeën huet Afloss op d'Qualitéit. Wann Dir trotzdem entscheet, dës Method unzewennen, da schneit d'Fleesch a kleng Stécker, well grouss Stécker Fleesch banne gefruer géinge bleiwen. Déi bescht Method fir ze entdeeën, déi garantéiert, datt d'Qualitéit bleift, ass dat traditionellt Entdeeën am Frigo.

Wat maache mat de Reschter? 

Lecker an esou praktesch! Also fir ze halen! Loosst se während zwou Stonne gutt ofkillen andeems Dir d'Pan oder den Teller a kaalt Waasser stellt. Setzt d'agepaakt/ofgedeckt Fleesch an de Frigo oder an d'Gefréiertruh. Loosst et net méi wéi dräi Deeg am Frigo an net méi wéi zwee bis dräi Méint an der Gefréiertruh (bei enger maximaler Temperatur vu -18 Grad Celsius).