Osso bucco

BESCHREIWUNG VUM PRODUIT
Den Osso Bucco ass e Klassiker vun der italienescher Kichen. Eis Metzlere schneiden dës schéin Tranchë Kallefsjarret wéi Dir se gär hätt. Se kënnen op déi klassesch Aart a Weis, mat Porto oder einfach am Schäffche preparéiert ginn. Lecker!
CHARAKTERISTIKEN
Kallef
Kallef
Kachmethoden
Casserole (à mijoter)
Casserole (à mijoter)

Zappt d'Fleesch liicht a Miel a brot et op all Säit während 2 Minutten a gutt waarmem Olivenueleg un. Huelt d'Fleesch aus der Pan a loosst et e bësse rouen. Brot dono eng Geméisbrunoise (Wuerzelen, Knuewelek an Ënn) am selwechte Kachjus un. Setzt d'Fleesch op d'gedämpt Geméis, schëtt wäisse Wäin driwwer, passéiert Tomaten a maacht de Bouquet garni dobäi. Loosst während ongeféier 2 Stonnen op niddereger Temperatur goen. Wierzt zum Schluss generéis a maacht als lescht Touche eng Brunoise aus frëschen Tomaten dobäi.

Informatiounen iwwer de Produit

Informatiounen iwwer d'Nährwäerter (Méi Informatiounen )

Op Basis vun engem Stéck vun ± 100 g
Energie (kcal) 87 kcal
Energie (kJ) 367 kJ
Fett 0.7 g
dovu gesättegt Fettsaieren 0.3 g
Gluciden 0.2 g
Proteinen 21 g
Salz 0.18 g

Allergieausléiser (Méi Informatiounen )

Enthält kee vun deene 14 Allergenen (konform zum EU-Reglement 1169/2011 iwwer d\'Informatioun vun de Konsumenten iwwer Liewensmëttel) entspriechend dem Rezept. Eng gekräizte Kontaminatioun an der Metzlerei selwer kann ni ganz ausgeschloss ginn..

Urspronk Belsch