Gefëllte Carré

BESCHREIWUNG VUM PRODUIT
Eise leckere Schwéngskarree gëtt vun eise Metzlere mat enger Mëschung aus Emmenthal a Gehacktes aus Schwéngefleesch a Rëndfleesch gefëllt. De Schwéngskarree gëtt dono mat enger gutt gewierzter Marinad aromatiséiert. En absolute Genoss am Schäffchen!
CHARAKTERISTIKEN
Marque nationale
Marque nationale
Frëschheet
Frëschheet
Op der Plaz gemaach
Op der Plaz gemaach
Kachmethoden
Four
Four

E gefëllte Brot muss op mëttlerer Temperatur (180°C) während mindestens 50 Minutte gebrode ginn (Zäit fir 1kg Fleesch). Kontrolléiert ob de Brot prett ass andeems Dir mat engem Messer an d'Mëtt pickt. Zitt d'Messer no 20 Sekonnen nees raus a wann et gutt waarm ass, dann ass Äre gefëllte Brot prett! Fir ze verhënneren, dass en dréche gëtt, schëtt regelméisseg Jus driwwer a setzt e Behälter mat Waasser während der ganzer Zäit an de Schäffchen! Wann Dir de Brot an engem Dëppe kacht, loosst den Deckel drop.

Informatiounen iwwer de Produit

Allergieausléiser (Méi Informatiounen )

Dëse Produit enthält Allergenen: Mëllech (Mëllechprotein a Laktos abegraff). Moschter.

Urspronk Lëtzebuerg