Gefëltte Poulet

Gefëltte Poulet

Dëse gefëllte Poulet ass einfach e Genoss, deen Dir net séier vergësst. D'Gefëlls op Basis vun eisem Gehacktes aus Schwéngefleesch a Rëndfleesch, Porto a Prommen ënnersträicht perfekt d'zaart Fleesch vum Gefligel. Dat Ganzt gëtt an e Schwéngsnetz agewéckelt. Ouni Schanken an dofir einfach ze schneiden.
Eegenschaften:
  • Glutenfräi
  • Frëschheet
  • Op der Plaz gemaach
Empfohlen Quantitéit:
±300g/Persoun
€ 19,36/kg

D'Geheimnis vun de gudde Rezepter ass laang a lues kachen ze loossen! Wéi all d'wäisst Fleesch muss de Poulet lues a gutt duerch gebrode ginn. Et rechent ee gewéinlech eng hallef Stonn fir 500 Gramm gefëllte Poulet. Denkt drun, regelméisseg de Jus driwwer ze schëdde fir dass d'Fleesch méi säfteg bleift. Passt op, dass Dir net an d'Fleesch pickt an esou riskéiert, dass d'Fleesch dréche gëtt.

Allergenen

Dëse Produit enthält Allergenen: Schwiefeldioxid a Sulphiten. Mëllech (Mëllechprotein a Laktos abegraff). Zellerie. Moschter. Schuelefriichten (Pistachekären).
Spuere vun Allergene méiglech: Kackuetten. Sesam. Schuelefriichten (Mandelen, Hieselnëss, Deck Nëss, Cashewnëss, Pecannëss, Paranëss, Macadamia- oder Queenslandnëss).

Kachmethod

  • Four

    Während 1 Stonn bei 180°C am Schäffche mat nëmmen e bësse Fett broden (d'Gefëlls muss bannendra gutt duerch sinn). Während dem Brode regelméisseg Flëssegkeet driwwer schëdden. Einfach ze schneiden, well d'Schanke komplett erausgeholl goufen.