Firwat proposéiere mir Schwéngefleesch mam Label vun der Marque nationale? Mir garantéieren Iech e Schwéngefleesch vun aussergewéinlecher Qualitéit, dat de strikten Traçabilitéits- an Hygiènescritèren entsprécht, a mir ënnerstëtzen och d'lokal an nohalteg Landwirtschaft. D'Schwéngefleesch vun der Marque nationale an e puer Punkten.
Hierkonft
Eis Schwäin ginn exklusiv op lëtzebuergesche Bauerenhäff opgezunn a gemäscht.
Traçabilitéit
D'Etablissementer, déi zur Marque nationale gehéieren, gi vun onofhängegen Organer iwwerwaacht, déi vum Staat accreditéiert sinn.
Wuelbefanne vun den Déieren
All Etablissement respektéiert d'Norme fir d'Wuelbefanne vun den Déieren (Plaz, Luucht, Ventilatioun, adequaten Transport).
Natierlech Ernärung
D'Schwäin ginn nëmme mat Kären erniert an et gëtt keng Substanz fir de Wuesstem derbäigemaach.
D'Schwäin ginn nëmme mat Kären erniert an et gëtt keng Substanz fir de Wuesstem derbäigemaach.
Kuerz Weeër an optimal Qualitéit
D'Déiere ginn exklusiv zu Lëtzebuerg geschluecht, wat d'Transportzäit reduzéiert an dozou bäidréit, d'Ëmwelt ze schounen.
D'Schluechthaiser musse strikt Hygiènesnormen anhalen, déi vun engem offizielle Veterinaire kontrolléiert ginn.