Gefëllte Chapon ouni Schank

Gefëllte Chapon ouni Schank

D'Schanke gi vun Ärem Metzler op der Plaz erausgeholl an de Strämpel gëtt mat eisem hausgemaachten, subtil gewierzte Gefëlls mat Ënnen, Péiterséileg an e bësse Porto oder Cognac gefëllt.
Eegenschaften:
  • Laktosefräi
  • Glutenfräi
  • Frëschheet
  • Op der Plaz gemaach
Empfohlen Quantitéit:
±300g/Persoun
€ 27,01/kg
Dëse Produit ass a limitéierter Quantitéit an eise Metzlereien disponibel.

Fir dëse Produit ass en Delai vun 2 Deeg néideg.

Allergenen

Dëse Produit enthält Allergenen: Schwiefeldioxid a Sulphiten. Zellerie. Moschter. Schuelefriichten (Pistachekären).
Spuere vun Allergene méiglech: Kackuetten. Sesam. Schuelefriichten (Mandelen, Hieselnëss, Deck Nëss, Cashewnëss, Pecannëss, Paranëss, Macadamia- oder Queenslandnëss).

Kachmethod

  • Four

    D'Geheimnis vun de gudde Rezepter ass laang a lues kachen ze loossen! Wéi all d'wäisst Fleesch muss de Chapon lues a gutt duerch gebrode ginn. Et rechent ee gewéinlech eng hallef Stonn fir 500 Gramm gefëllte Chapon. Denkt drun, regelméisseg de Jus driwwer ze schëdde fir dass d'Fleesch méi säfteg bleift. Passt op, dass Dir net an d'Fleesch pickt an esou riskéiert, dass d'Fleesch dréche gëtt.