
Menü Platto fraï no Wiel
Als Entrée proposéiere mir Iech eis lecker Jakobsmuschele mat Geméis.
Als Haaptplat hutt Dir d’Wiel tëscht enger Pierrade-Plack, nature oder marinéiert, oder enger gemëschter Fondue-Plack.
Dës Platen gi begleet vun enger Mëschung aus virgekachtem Geméis, mat Chicorée, Kiischtentomaten, grénge Bounen a Muerten, souwéi eisem leckere Gratin Dauphinois.
Duerno gëtt et eng Plack mat verschiddene gereifte Kéiser an zum Schluss, als Dessert, e Klassiker: eisen Duo aus Schockelasmousse.
Also, op wat waart Dir nach? Bestellt elo!
Eise Menü ass fir 2 Persounen.
